Loi du 3 mars 2023 portant fusion des communes de Bous et de Waldbredimus

 

 

 

Fusioun Gemengen Bous a Waldbredimus – Replay Biergerversammlung 17/03/2022

  • 18.03.2022

 

Fir den Replay vun der Versammlung kënnen ze kucken,  klickt weg op folgenden link :  

https://www.youtube.com/watch?v=MTb5SWdrmgE 

Pour pouvoir voir la réunion en replay, veuillez svp cliquer sur ce lien : https://www.youtube.com/watch?v=MTb5SWdrmgE 

 

 

 

Fusioun Gemengen Bous a Waldbredimus – Aentwaerten op Froen vun den Bierger

  • 11.03.2022

SLIDO Questions – Réponses sur la fusioun

 

Am Kader vun den Versammlungen am Hierscht 2021 konnten d’Bierger hir Froen an Remarques zur Fusioun un d’Gemengen riichten. An dem Dokument hei drënner fannt der Aentwaerten op déi Froen.

 

Fusioun Gemengen Bous a Waldbredimus – D’Wuert vun den Gemengeréit

  • 07.03.2022

Vidéo – D’Wuert vun den Gemengeréit

 

Fusioun Gemengen Bous a Waldbredimus – Brochure

  • 07.03.2022

 

Brochure_FusionBW

 

Fusioun Gemengen Bous a Waldbredimus – Informatiounsversammlung 17/03/2022

  • 07.03.2022

 

Invitation_Réunion d’information

 

Fusioun Gemengen Bous a Waldbredimus – D’Wuert vun den Bousser Bierger

  • 22.02.2022

Vidéo – D’Wuert vun de Bousser Bierger

 

Fusion Gemengen Bous a Waldbredimus – D’Wuert vun de Waldbriedemësser Bierger

  • 04.02.2022

Vidéo – D’Wuert vun de Waldbriedemësser Bierger

 

Projet de fusion des communes de Bous et de Waldbredimus

  • 31.01.2022

Chers citoyens,

                Suite aux élections communales d’octobre 2017, les conseils communaux des communes de Bous et de Waldbredimus ont entamé des pourparlers sur une fusion des deux communes. Après diverses entrevues, les collèges échevinaux ont été mandatés en automne 2018 par les conseils communaux d’élaborer un plan de développement pour une nouvelle commune fusionnée.

                Dans l’intérêt de garantir l’objectivité du développement du projet, les collèges échevinaux se sont adjoints des compétences du bureau MC Consulting pour l’élaboration d’une analyse des forces et des faiblesses des deux communes, analyse laquelle est la base du projet de fusion.

                En mai 2021, après un 1ier avis favorable des conseils communaux, le projet de fusion a été présenté au ministère de l’Intérieur. Ensuite, divers groupes de travail, à savoir le personnel communal et des délégations des associations locales, ont eu la possibilité de consulter le projet et de fournir leurs remarques et propositions. De même, les conseils communaux ont réexaminé le projet avant d’avoir voté la déclaration d’intention de fusionner en juin 2021.

                Lors des 1ières réunions publiques du 14 et du 15 octobre 2021 à Bous et à Waldbredimus, le projet de la fusion a été présenté aux habitants des deux communes. En amont de ces présentations, les citoyens disposaient de la faculté d’adresser leurs questions et doléances aux conseil communaux ceci par voie de questionnaire électronique.

                En novembre 2021, les conseils communaux des deux communes se sont prononcés pour l’organisation d’un référendum sur le projet de fusion lequel aura lieu le 03 avril 2022. En guise de préparation de ce scrutin, les conseils communaux vont préparer une brochure incluant un résumé du projet, les perspectives d’avenir de la nouvelle commune ainsi que le bénéfice pour les citoyens. Ces informations seront aussi disponibles sur notre site Web sous la rubrique « Fusion ».

                Outre la diffusion de diverses informations, une 2ième réunion pour les habitants aura lieu le 17 mars 2022 au Sport-a Kulturzenter à Bous, ceci en présence de Mme la Ministre de l’Intérieur Taina Bofferding. Finalement, lors du référendum du 03 avril 2022, les citoyens des deux communes pourront se prononcer sur le projet de fusion.

                Dans l’espoir que vous, chers citoyens, allez voter pour une nouvelle commune plus performante,

 

                                                                                                  Le collège échevinal

__________________________________________________________________________________________

Fusiounsprojet vun den Gemengen Bous a Waldbredimus

Léif Matbierger,

No de Gemengerotswalen vum Oktober 2017 hunn d‘Gemengeréit vu Bous a Waldbriedemëss ugefaangen un enger Fusioun ze schaffen. No éischten Gespraicher hunn béid Gemengeréit am Hierscht 2018 hire Schäfferéit den Optrag ginn, fir e Plang fir eng Fusiounsgemeng aus ze schaffen.

Fir méiglechst objektiv un de Projet erun ze goen, huet den Bureau MC Consulting vu Miersch d’Schäfferéit duerch de Projet begleet, dëst mat enger Stärkten- a Schwächtenanalyse op deer den Ëntwécklungsplang fir déi zukünfteg Gemeng opgebaut gouf.

No dem positiven Avis vun den Gemengeréit, konnt de Fusiounsprojet am Mee 2021 um Ministère de l’Intérieur présentéiert ginn. Verschidden Aarbechtsgruppen, d‘Gemengepersonal, d‘Verainsvertrieder, kruten den Projet virgstallt an konnten hir Froen an Virschléi abréngen. Och d’Gemengeréit hunn de Projet nach emol analyséiert an hunn am Juni 2021 fir Déclaration d’intention fir ze fusionnéieren gestëmmt.

An éischten Biergerversammlungen, den 14ten a 15ten Oktober 2021 zu Bous an zu Waldbriedemëss gouf de Fusiounsprojet virgestallt. Am Virfeld vun deenen Versammlungen konnten d’Bierger hir Froen iwwert en Online-Tool un d‘Gemengeréit adresséieren.

Béid Gemengeréit hunn dono, am November 2021, fir e Referendum den 03ten Abrëll 2022 gestëmmt. En vue vun der Virbereedung vun deem Referendum schaffen d’Gemengen Bous a Waldbredimus un enger Brochure, wou der de Projet nach emol kuurz resuméiert kréit an wou awer och d’Perspektiven an d’Projet‘ë fir déi nei Fusiounsgemeng esou wéi den Notzen fir de Bierger opgezeechent ginn. Déi Informatiounen fannt der och op eisem Internetsite ënner der Rubrik „Fusioun“

Virum Referendum, deen Iech d’Méiglechkeet gët iwwert eng méiglech Fusioun ze entscheeden, fënnt nach eng Informatiounsversammlung den 17ten März 2022 a Präsenz vun der Madame Minister Taina Bofferding zu Bous am Sport-a Kulturzenter statt.

An der Hoffnung, dass Dir, léif Matbierger, fir eng nei méi staark Gemeng stëmmt,

De Schäfferot

Fusion Gemengen Bous a Waldbredimus – D’Wuert vun de Buergermeeschteren

  • 22.12.2021

Vidéo – D’Wuert vun de Buergermeeschteren

 

Présentatioun Masterplang Réunion fusion

 

​​​FUSIOUN VUN DE GEMENGEN BOUS A WALDBREDIMUS -VIDÉO A PRÉSENTATIOUN

FUSION DES COMMUNES DE BOUS ET DE WALDBREDIMUS – VIDÉO ET  PRÉSENTATION

Fir d’Présentatioun an de Vidéo vun der Informatiounsversammlung vum 14ten Oktober 2021 ze kucken, klickt op déi Liens hei drënner.

Vous pouvez voir la présentation et la vidéo de la réunion d’information du 14 octobre 2021 en suivant les liens ci-dessous:

Vidéo:

Présentatioun:

 

Projet de fusion Bous-Waldbredimus

FIRWAT SOLLEN D’GEMENGEN BOUS A WALDBREDIMUS FUSIONNÉIEREN?

Léif Biergerinnen, léif Bierger,

Op d’Gemenge koumen an de leschte Joren ëmmer méi an och méi komplex Aufgaben duer, déi mat den existente Moyene schwéier ëm ze setzen sinn. Ënnert anerem dowéinst, gëtt scho méi laang driwwer nogeduecht op d’Zesummeleë vu Verwaltungen an techneschen Déngschter dem Bierger an Zukunft e bessere Service bréngt. Zemools méi kleng Gemengen si staark limitéiert wat d’Réalisatioun vu Projeten ugeet, sief et finanziell oder personaltechnesch. Duerch eng Fusioun kënnen Infrastrukturen zesumme geluecht, ausgebaut a besser benotzt gi fir de Bierger an och de Veräiner e gréissere Spillraum ze erméiglechen. Op politeschem Niveau huet eng gréisser Gemeng natierlech och méi Gewiicht a kann iwwergeuerdent Zieler besser duerchsetzen.

Am Kader vun de Virbereedungsaarbechten vun enger Fusioun tëschent eisen zwou Gemenge Bous a Waldbriedemes ass iwwert dat lescht Joer eng ëmfaassend Bestandsopnam an Analyse vun dem Gemengefonctionnement an alle Beräicher gemaach ginn, ënner anerem Bildung an Accueil, Kultur, Sport, Verwaltung, Gemengefinanzen. Och den Impakt vun der demographescher Entwécklung gouf evaluéiert. Op Basis vun dëser Bestandsopnam ass dunn eng Stäerkten- a Schwächenanalyse  vun den zwou Gemengen opgestallt ginn a verschidden Entwécklungsszenarie sinn duerchgespillt ginn. D’Resultat vun dësem Exercice ass dat béid Gemenge mat hire Bierger an engem grousse Moos vun enger Gemengefusioun géife profitéieren.

Aus all den gewonnenen Erkenntnisser ass vun de Schäfferéit ee Masterplang fir eng zukünfteg Fusiounsgemeng ausgeschafft ginn. Dëse Masterplang gëtt zesumme mat de Gemengeréit komplettéiert, dëst fir eng gemeinsam Perspektiv fir déi zukunftëg Fusiounsgemeng ze kréien.

D’Bierger an d’Biergerinnen vun eisen zwou Gemengen waerten an engem Referendum iwwert déi geplangten Fusioun ofstëmmen. Dofir fannen deemnächst eng Rei Infoaktiounen statt, wou Dir d’Méiglechkeet hutt är Froen ze stellen an och konkret Virschléi maachen kënnt. Dëst waert de Gemengeréit hëllefen d’Fusioun mam Bierger an a séngem Interessi ze plangen.

Ët kënnt deemno eng spannend an interessant Zait op eis duer a mir freeën eis, mat Iech dëse Wee an d’Zukunft ze goen.

De Gemengerot

            ______________________________________________________________________________

 

​POURQUOI FUSIONNER LES COMMUNES DE BOUS ET DE WALDBREDIMUS?

Chères citoyennes, cher citoyens, 

Les communes sont actuellement confrontées à une multitude de tâches, dont la complexité ne cesse d’accroître. Il s’avère d’ores et déjà difficile de répondre à l’ensemble des exigences, ceci à la parfaite satisfaction des citoyens-clients. Ce phénomène est d’autant plus présent auprès de petites communes souvent limitées dans les moyens financiers et dans les ressources humaines. C’est dans cet esprit que nous réfléchissons depuis plusieurs années sur une collaboration de nos administrations et de nos services techniques dans l’intérêt d’améliorer et d’augmenter l’offre de services pour les habitants de nos communes. Une fusion permet de générer des synergies, d’associer les services et d’optimiser les infrastructures et leur exploitation, tout en générant des avantages pour les citoyens et associations. De même, une commune fusionnée dispose d’un pouvoir politique plus important lors de la réalisation de projets d’envergure.​

Dans le cadre des travaux préparatoires de la fusion projetée de nos communes, Bous et Waldbredimus, nous avons procédé en 2020 à l’établissement d’un inventaire et à une analyse des services communaux en fonction des différentes missions communales telles que l’enseignement et l’accueil, la culture, le sport, les administrations, les finances communales. De même, l’impact de l’évolution démographique dans les deux communes a été évalué. Partant de cet inventaire, les différents atouts et points faibles des deux communes ont été examinés et différents scénarios de développement ont été discutés. Cet exercice a permis de conclure que les deux communes et leurs citoyens profiteraient de manière substantielle d’une fusion des communes. Finalement, un 1ier plan directeur pour le développement de la nouvelle commune fusionnée a été établi.

Comme vous, les citoyens et citoyennes, serez consultés par voie de référendum sur le projet de fusion, le plan-directeur sera présenté au public sous peu. Vous disposez dés lors de la faculté de formuler vos questions, remarques et toutes autres réflexions. Ceci permettra aux responsables politiques de planifier l’avenir de la nouvelle commune tout en tenant compte des doléances des habitants.

Les prochaines semaines s’avèrent donc très passionnantes et nous nous réjouissons déjà d’emprunter avec vous la voie du futur.

Le conseil communal​

Dernière modification le 12.04.2023
Aller au contenu principal